


Ergotherapie Diagnostik STANDARD
Ergotherapie Diagnostik STANDARD
Gezielten Diagnostik fir eng ganzheetlech Förderung an der Ergotherapie
Service Description
Ergotherapie Diagnostik STANDARD gët vum Ergotherapeut direkt un den ONE, Office National de l'Enfance, verrechent. Am Moment besteet fir dësen Service eng Waardelëscht vun 6-9 Méint. Fir d'Kand a séng Schwieregkeeten am Alldag besser ze verstoen, ass een ergotherapeutischen Diagnostik meeschtens ganz wertvoll. Den ergotherapeutischen Diagnostik kann eenzel gebucht ginn. Fir déi passend Therapiemethoden festzeléen, gët dësen ëmmer am Viirfeld vun enger ergotherapeutischer Behandlung duerchgefouert. Fir een ergotherapeutischen Diagnostik braucht Dir eng Ordonnance vun Ärem Vertrauensdokter. (cf. Règlement grand-ducal du 15 février 2002 déterminant pour la profession d'ergothérapeute) Den ergotherapeutischen Diagnostik setzt sech zesummen aus enger Anamnes (Elteregespréich ouni d'Kand), 2 Evaluatiounsséancen mam Kand an engem ofschléissenden Elteregespréich. De schrëftleche Rapport ass am Präis abegraff. Eng Séance dauert tëschent 45 a 60 Minuten. All Rendez-vous, dén nit mind. 48 Stonnen am Viraus annuléiert gët, gët zum vollen Tarif verrechent. Bei 3 annuléierte Rendez-vous'en behale mir eis viir, d'Ergotherapie viirzäiteg ofzebriechen, als Ausnahm gëlt d'Virléen vun engem Certificat médical.
Cancellation Policy
All Rendez-vous, dén nit mind. 48 Stonnen am Viraus annuléiert oder ëmgebucht gët, gët zum vollen Tarif verrechent. Bei Ëmbuchungen oder Annulatiounen bis 48 Stonnen virdrun, verrechne mer een Onkäschtebeitrag vun 10%. Sollt vun eiser Säit aus dee Rendez-vous kuerzfristeg misse geréckelt oder annuléiert ginn, beméihe mer eis, Iech e Rendez-vous bannen 14 Deeg ze proposéieren.
Contact Details
Ergopraxis kidsinbalance Claude Fasbinder Julie Salentiny, Rue Bourschterbach, Warken Ettelbruck, Luxembourg
+352 621 515869
contact@ergopraxis.lu