


kidsinbalance
Praxis fir Orthophonie
D'Orthophonie fördert d'Kommunikatioun an domadder d'Partizipatioun am Alldag, doheem an der Schoul oder am Beruff, an an der Fräizäit.


Orthophonie fir Kanner a Jugendlicher
D'Sprooch ass de Schlëssel mat deem d'Kanner an déi Jonk sech d‘Welt erschléissen, mat deem si a Kontakt mat anere Mënschen trieden, a mat deem si sech Wëssen uneegenen. D’Orthophonie ënnerstëtzt Kanner a Jugendlecher vun 0-21 Joer, déi opgrond vun enger ugebuerener, enger entwécklungs-, enger krankheets- oder enger ëmweltbedingter Beanträchtegung an hirer Sproochentwécklung ageschränkt sinn. D‘Therapie gëtt un d‘Bedürfnisser, d'Interessen an d’Ressource vun all Kand an all Jonken ugepasst, sou dass jiddereen eng individuell Prise en charge huet a mat Spaass un der Therapie deelhëlt. Dobäi ass den Austausch an d’Zesummenaarbecht mat den Eltere wichteg. D’Eltere gi mat an d’Therapie abezunn a kënnen hiert Kand dobäi ënnerstëtzen, eng sengem Alter adaptéiert Sprooch ze entwéckelen a beschtméiglech anzesetzen.